dim. 22 oct.
|Grevenmacher
Quiz - Femmes Libérales - Osten - 2023
QUIZ mat Mëttegiessen Sonndes, den 22. Oktober 2023 um 11:30 Auer Am Bistro vum Kulturhuef (54, route de Trèves L-6793 Grevenmacher)
Heure et lieu
22 oct. 2023, 11:30 – 18:00
Grevenmacher, 54 Rte de Trèves, 6793 Grevenmacher, Luxembourg
À propos de l'événement
Menu:
Coupe de Crémant - Amuse-bouches
Antipasti gourmands
Roti Prince Orloff, Pommes au Four,
Bouquet de Légumes
Tarte aux Pommes, Glace à la Vanille
Präis : 50.- €
Iwwerweisung w.e.g. op de Kont vun de FLO bis den 13. Oktober 2023
BIL: LU10 0028 1194 8089 5000 ( Iwwerweisung zielt als Umeldung)
Déi Leit, déi vegetaresch oder vegan iessen, oder un enger Allergie leiden, kënnen
direkt mat de Responsabel vum Kulturhuef en Alternativmenu ausmaachen.
Telefonsnummer: 26 74 52 66
Tëschent der Entrée an dem Haaptplat an tëschent dem Haaptplat
an dem Dessert ginn d‘Quizfroen gestallt!
1.Präis: 100.- € 2. Präis: 75.- € 3. Präis: 50.-€
Selbstverständlech hu mer och erëm eng kleng Tombola fir Iech!
An hei nach e puer Zousazinformatiounen iwwert eise Quiz, fir déi Leit, déi nach net derbäi waren:
- Jidderee ka matmaachen, Är Männer, Kanner, Frënn, Frëndinnen, si sinn alleguer häerzlech
wëllkomm.
- Et kann een a Gruppen, awer, wann ee keng Grupp sollt fannen, och individuell matmaachen.
- All Fro gëtt virgelies a wärend 30 Sekonnen op engem groussen Ecran gewisen, duerno ass se
definitiv fort a gëtt och net widderholl.
- Et ass „multiple choice“, et ginn ëmmer 4 Méiglechkeeten ugebueden. Also einfach, oder ?
- Pro richteg Äntwert gëtt et 1 Punkt. Déi mat de meeschte Punkte gewannen.
- Handyen, Tablets asw. si verbueden; d’Männer si, wéi gesot, wëllkomm, just di Hären Petit,
Robert a Larousse bleiwen dobaussen.
- D’Froe stelle respektiv weise mir Iech an de Pause virun an tëscht dem Iessen.
Weider Informatiounen um Tel.: 691 750 231 (Liz Hoffmann) 691 633 503 (Carmen Huber)
Carmen Huber Carole Hartmann Lis Hoffmann