top of page

50 Joër Femmes Libérales

Dernière mise à jour : 31 janv. 2023


Den 05. Mäi 2019, en Dag nom Staatsbegriefnes vun eisem fréieren Grand-Duc Jean hunn d’Femmes Libérales hier 50 Joer Gebuertsdag gefeiert. Gegrënnt gouf eis Associatioun den 20. Mäerz 1969. Bei der Gelégenhéet hunn mir och den 100ten Gebuertsdag vum Fraewahlrecht gefeiert. Vill Memberen, Ministeren, Politiker, an Memberen vun der JDL hunn den Wee an „d’Schéiss“ um Belair fonnt. Begréissung huet eis Nationalpresidentin, Simone BEISSEL gemaach, di den laangen Wee vun den Fraen vun 1969 bis haut beschriwwen huet. D’Simone leet zënter 1994 eis Associatioun mat vill Engagement an Ausdauer. Si ass besonnesch och op den Thema Fraewahlrecht agaangen, wou d’Situatioun vun den Fraen och zu Lëtzebuerg net roseg waren, well si zu dem Zäitpunkt mannerjäreg waren. Duerno huet d’Madamm Lydie POLFER, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, d’Wuert ergraff, an den Femmes Libérales, wou si och eng Zäit am Comité vertrueden war, felicitéiert, fir all di Aktivitéiten, Reesen an Konferenzen, haaptsächlech Fërderung vun den Liberalen Ideen an Idealer mat villen Informatiounen wärend der Zäit. Eisen Staatsminister Xavier BETTEL, huet den Femmes Libérales en groussen Merci ausgesprach an si motivéiert weider ze maachen, an vill Gléck fir den 50.den gewënscht. Colette FLESCH, entre autres, fréier Presidentin vun den Femmes Libérales (1976-1980) huet dunn d’Wuert ergraff. No verschiddenen Recherchen huet si sech an d’Stëmmung vun den Grënnungsjoren zeréck versat. Duerbei sinn hir zwou Saachen opgefall. 1) D’Associatioun des Femmes Libérales ass den 20. Mäerz 1969 vun 12 Dammen gegrënnt ginn. Vun deenen waren der 9 bestuet, 2 waren Witfraen, an éng - dat war Colette -, war net bestuet. Dat huet mat sech bruecht, dass di 9 bestueten Dammen hunn mussen „assistéiert“ an „autoriséiert“ ginn vun hiren jeeweilegen Männer, di hunn mussen mat ënnerschreiwen. Dat Gesetz war enorm wichteg!!!! Et war nämlech „d’Wasserscheide“ no där all di aner Gesetzer méiglech goufen, di zur Chancëgläichheet zwëschen Fraen an Männer geféiert huet an esou d’Evolutioun vun onser heitiger Gesellschaft erméiglecht huet. 2) Femmes Libérales haten an deenen 50 Joer 6 Presidentinnen !!!! Laut der Madame FLESCH en friddlechen Veräin!!!

Die éischt vun den Präsidentinnen war Henriette JUNG (1969-1970), duerno Berthe HENCKES-GEHLEN (1970-1972), Ursula KRIEPS (1972-1976), Colette FLESCH (1976-1980), Anne BRASSEUR (1980-1994), an säit 1994 bis haut onst onermiddlech, heitég Presidentin Simone BEISSEL. No dem offiziellen Deel gouf dunn richteg gefeiert!!!! Ënnert den flotten Kléng vun „SAXITUDE“ konnten sech d’Memberen an d’Invitéen un engem fantasteschen Buffet, presentéiert vum Traiteur „Schneekert“, esou richteg regaléieren, an den Rosé Crémant vum Christiane LEY-SCHARTZ huet an villen Glieser gepärelt. No puer Stonnen konnten ënnert den Kläng vum „HAPPY BIRTHDAY“ gespillt vun „SAXITUDE“ den Gebuertsdagskuch, offréiert vum Traiteur „Schneekert“ ugeschnidden ginn. AD MULTOS ANNOS!!!!!!! Nicole Sontag-Hirsch




48 vues0 commentaire

Posts récents

Voir tout
bottom of page